Ënnerierdeschen Tank - déi onopfälleg Léisung
Wëllt Dir esou wéineg ewéi méiglech vun Ärem Gastank gesinn oder Iech bei Ärer Gestaltung vum Gaart net aschränke loossen, dann ass en ënnerierdeschen Tank genee dat Richtegt fir Iech.
De Gastank huet eng Längt vun 2.5 Meter, ewéi en Duerchmiesser vun 1.25 Meter. Dir gesitt nëmmen de verzénkten Deckel, deen en Duerchmiesser vun 90 cm huet.
Den Tank muss awer esou installéiert ginn, dass de Rand vum Deckel mindestens 3 Meter Ofstand zu engem Gebai, den Noperen oder der Strooss huet.
D'Käschte fir d'Bauaarbechten (Gruef baggeren, giele Sand, Bëtongsplack an d'Bedecke vum Tank), déi laut Virschrëfte vun der ITMCL. 9.4 erfëllt musse ginn, gi vun Iech gedroen. Nom Ausbaggere vum Gruef setze mir Iech den Tank an. Luxcontrol wäert dee Moment op der Plaz sinn.


Technesch Dokumenter fir d'Installateuren
Den iwwerierdesche Flësseggasstank - einfach a séier opgestallt
Den iwwerierdeschen Tank bitt sech un, wann Dir genuch Platz am Gaart hutt oder provisoresch. Den Opwand ass geréng an zudeem och präiswäert.
De Gastank huet eng Längt vun 2.5 Meter, ewéi en Duerchmiesser vun 1.25 Meter an ass am RAL-wäiss ugestrach.
Den Tank kann ob enger Bëtongsplack vun ca. 2.50 x 1.50 Meter installéiert ginn. De Gastank muss mat engem Ofstand vun 5 Meter zu all Gebai, 3 Meter zu den Noperen an Strooss fachgerecht installéiert ginn.