Fir Froen zu eisen Produiten
oder Déngschtleeschtungen
wielt den +352 789 964

Fläschegas - E Produit mat villen Aarbechtsberäicher

Et gëtt kaum en Energieträger, den esou villfälteg ass ewéi de Fläschegas. Dëst sinn ofgefëllt a drobare Gasfläsche vu verschidde gréisste wou iwwerall agesat kenne ginn: fir ze Grillen oder Kachen, Hetzen a Killen oder och am Gaart.

Fläschegas zur Onkrautbekämpfung

Dat lästegt Onkraut besäitege kennt dir ganz Clever an einfach mat engem Wëldkrautbrenner. Statt ustrengend ze zupfen, kennt dir d'Onkraut duerch de Brenner vernichten.

Fläschegas beim Camping

Iwwert ganzt Joer bequem campen. Geräter déi Fläschegasbedriwwe si suerge fir d'ganzt joer Wiermt a Komfort. So gëtt et bei kalen Temperature gemittlech. A fir déi waarm Deeg gëtt et e killt Getränk aus engem Flesseggasbedriwwene Frigo.

Lagerfeier war Geschter

Flexibel Wärmeenergie aus Gasfläsche mat Flësseggas. Wann déi kill Hierscht-Loft de Spaass um "Dobausse setzen" hellt, verlängeren Terrassenstrahler - bedriwwe mat Flësseggas - den Owend op der Terrasse. Se verlängere Fester mat Wäermt a Wuelbefannen - ganz onkomplizéiert a schéi kuscheleg.

Elegant Feierplaatz-Atmosphäre fir de Balcon oder Terrasse. Fläschegasbedriwwen Outdoor Gaskamäiner brénge stilvoll Gemittlechkeet op der Terrasse. Se sinn déi ideal Léisung fir all, déi d'Atmosphäre vun engem Lagerfeier gären hunn, awer op e laangt unzünde vu Brennholz, souwéi lästeg Fonken, onangenehme Qualm an op Äsche verzichte wëllen. Souguer op iwwerdaachten Terrassen, Balcon oder op begrenztem Raum fanne gasbedriwwe Kamäiner hiert Platz. An onseree Buttek Energus zu Lëtzebuerg féiere mir fir all Geschmaach de passenden Outdoor Gaskamäin.